Kichepabeier, Zipptuten a Frischhaltefolie - brauche Mir dat wierklech?

Kichen

D’Kichen ass mengen ech eng vun deene Plazen am Stot, wou dee meeschten Dreck gemaach gëtt: Kichepabeier, Bakpabeier, Zipptuten, Firschhaltefolie a villes méi sollen d’Liewe méi einfach maachen a si praktesch. Mee leider si genau déi Saachen och schlecht fir d’Ëmwelt. Wat kann een also elo maachen, fir méi eng nohalteg Kichen ze kréien.

Wann ech vu munche Frënn héiere, wéi vill Kichepabeier si an engem Mount brauchen, kann ech et heiansdo net gleewen. Mäin eegene Verbrauch ass dogéint quasi null. Dat hunn ech zimlech gutt gemierkt, wou ech op Tréier geplënnert sinn. Meng Mamm hat mir eng Rull Kichepabeier mat Minions drop geschenkt. Wou ech ee Joer méi spéit an eng aner Wunneng geplënnert sinn, hat ech déi Roll Kichepabeier ëmmer nach! Firwat? Ma ganz einfach, ech si schonn als Kand geléiert ginn, dass ee net Kichepabeier mee Spulllompe benotzt fir Flëssegkeeten op ze saugen. Eemol dräi oder véier uerdentlech Spulllompe kafen, déi ee jorelaang benotze kann, well ee se einfach an d’Wäschmaschinn mëscht, sinn eng einfach Léisung fir dem iwwerméissege Gebrauch vu Kichepabéier aus dem Wee ze goen. Wann een et extra gutt wëll maachen, kann een hei och op Marken zréck gräifen, déi kompostéierbar sinn an op de Gebrauch vu Mikroplastik verzichten.

 

 

Munch Leit benotze Kichepabeier och fir z.B. d’Schuele vum Geméis oder Uebst drop ze leeën iert se se an d’Poubelle maachen. Hei kann een einfach eng Schossel oder e Blat Zeitungspabeier benotzen. Ech benotzen zanter e puer Joer iwwerhaapt kee Kichepabeier méi – nodeems meng Minionsrull eidel war, hunn ech ni méi eng nei kaaft an dobäi ass et bis haut bliwwen. Dat ass natierlech ideal, mee wien domadder net hikënnt ka recycléierte Kichepabeier kafen. A villen onverpaakt Butteker fënnt een es zudeem – logescherweis – ouni Verpackung.

 

 

Nieft dem Kichepabeier ass wuel a ville Stéit och d’Plastikstut, d’Frischhaltefolie an den Aluminium e gängegt Material, sief et fir eppes anzefréieren, eng Schmier anzepaken oder eppes ofzedecken fir an de Frigo ze stellen. Mee och hei ginn et wëll easy a nohalteg Optiounen, déi op laang Siicht oft méi bëlleg sinn. Sou kann ee sech schonn ëleng domadder hëllefen, dass ee Këschten aus Glas oder Eedelstol keeft, déi een e puer mol verwende kann. Hei muss ee vläicht e bësse stöberen, bis een déi perfekt Këschte fonnt, déi een afréieren oder an d’Mikrowell oder den Uewe maache kann – je no Bedarf. Ween trotzdeem net ganz op Zipptute wëll verzichte, ka sech vläicht e puer Sillikoonstute kafen, déi een no der Verwendung an d’Spullmaschinn maachen an nach eemol benotze kann. Fir d’Këschten déi keen Deckel méi hunn oder ni een haten, kann ee sech mat Stofftenhauben oder Beiewuessdicher a verschiddene Gréissten hëllefen. Wee Loscht an Zäit huet, kann déi och gäre selwer maachen. Rezepter dofir fënnt een z.B. op Pinterest. Wann dir elo vill Plastikskëschte sollt hunn, da gehäit déi w.e.g. net einfach ewech, wëll Dir elo méi nohalteg Optioune wëllt kafen. Braucht Är Këschte bis se futti sinn oder schenkt se engem, verkaaft se oder bréngt se op ee Regal/Second Hand, wou aner Leit se sech kënne mathuelen. Plastik ass natierlech net déi beschten Optioun, mee mir sollten alles wat ma elo hunn esou laang ewéi méiglech verwenden.

 

 

Ee leschte Wegwerfproduit an der Kichen ass de Bakpabeier, Muffinsformen an Eistuten. Ween elo denkt: jo mee am Bakpabeier ass dach kee Plastik, huet net ganz Rescht. De Bakpabeier ass nämlech mat engem Konschtstoff beschicht. Fir d’Muffinsforme weess ech dat net mat Sëcherheet, an deemno wuer een se mathëllt, mecht Pabéier sëcherlech och Sënn, mee trotzdeem sinn se oft mat vill Faarf bedréckt, an soumadder awer net déi nohaltegst Optioun. Ech hunn déi läscht Joren aus dem Ikea de Sillikoonsback’pabéier‘, an ech muss éierlech soen, dass ech net ganz zefridden domadder sinn, wëll ech e ni richteg propper kréien. Dofir hu ech och schonn een ewech geheit, deen einfach net méi appetitlech ausgesinn huet! Dat ass natierlech net de Sënn vun der Saach. Ech sinn dofir frou, dass ech vru kuerzem am Ouni dës Trenn-Back-Folie fonnt hunn. D’Beschichtung ass vill méi glat, an denn Dreck baakt net esou séier unn.

 

 

Wat d’Muffinsformen an och aner Bakformen ugeet, kann een och erëm ganz easy op Sillikoonsformen zréckgräifen. Déi sinn, reng theoretesch, net schiedlech a ginn trotz den héijen Temperaturen keng Gëftstoffer of – zumindest wa se richteg produzéiert goufen. Wann een eng Silikonsform véier Stonne bei 200 Grad baakt verflüchtege sech all Gëftstoffer, an et kann een se ouni Gefor benotzen. Munch Firme schéngen awer op dëse Schrëtt ze verzichte fir Suen ze spueren. Wee sech also net ganz sëcher ass, kann dee Schratt doheem nohuelen a seng Forme bei 200 Grad véier Stonne laang baken (vgl. plastikimblut). Vue dass dat e relativ héijen Energiopwand ass, géing ech Iech awer bieden dann all d’Formen zesummen ze baken bzw. esou vill wéi da an den Uewe ginn.

>Wat Eistuten ugeet kann een och hei op Silikonsformen zréck gräifen, déi et oft a witzegen a kreative Forme ginn. Eng aner Méiglechkeet ass sech Cuben ze kafen, déi een an de Frigo oder an d’Tru leet.

Entw├ęckelt an entworf bei DAPINDUSTRIES