Make-Up

Buetzëmmer

Fir Make-up ze fannen, dat net am Plastik verpak ass, ass schweier. Fir Lëppestëffter kann een op Monomeer kucken, déi hir Lëppestëffter ouni Verpackung verkafen. Et keeft ee sech eemol een Halter a fëllt deen ëmmer ërem op. Oder et keeft een e bei hinnen an der Dous, a wann en eidel ass bestellt ee just de Lëppesteft no. Fir all aner Schmincksaachen hunn ech nach keng Mark fonnt, déi eng Léisung huet, fir keng Verpackung méi ze brauchen. Wann Dir dat als Client trotzdeem erwaart, da scheckt dach Ärer Liblingsmark eng léif Nooricht, dass Dir dat immenz ënnerstëtze géingt, wa se sech iwwer méi nohalteg Verpackunge géinge Gedanke maachen. Sou laang dat nach net ass, denkt trotzdem drun, ze kucken, op d’Verpackung recycléierbar ass an se uerdentlech ze entsuergen z.B. an enger Apdikt oder an engem Recyclingzenter.

Nierft der Plastiksverpackung ass beim Make-Up awer oft de Problem, dass mat Mikroplastik an anere cheemesche Mëttele geschafft gëtt, déi net immenz gutt fir eis Haut sinn, a nach vill manner gutt fir d’Waasser an d’Emwelt. Biokosmetik, par conter, besteet aus planzleschen Inhaltsstoffer, déi soumadder besser fir eis Haut sinn an och besser vun der Natur kënne veraarbescht ginn. Wee wësse well, wat dann an deene Produiten, déi en doheem huet, esou dran ass, ka mat der App Clean Beauty schaffen, déi d’Inhaltsstoffer vu Kosmetika analyséiert an uweist wéieng Inhatsstoffer eventuell problematesch sinn a firwat. D‘Beat the Beat App, soll usech erausfannen/wëssen op Mikroplastik an engem Produit drann ass, mee leider kennt se vill europäesch Produite nach net.

Wa ma awer Richtung Ofschmincke ginn, ass et scho vill méi einfach vir nohalteg ze liewen. Amplaz vu Wattepads kann een sech Ofschminckpads aus Bambus oder Cotteng kafen bzw. selwer maachen (z.B. aus alen Discher). Och fir den Ofschminckproduit ginn et vill verschidde Rezepter mat Mëllech, Kokosnoss- oder Olivenuelleg, wou ee vläit am Ufank e bësse probéiere muss, wat am bäschte bei den eegenen Hauttyp passt. Meeschtens kënnen dës Produiten mat wéineg Zoutaten, déi een oft souwisou schon doheem huet, hirgestallt ginn.

Make-Up kann ee natierlech och selwer maachen, déi Rezepter déi ech mir bis elo ugekuckt hunn sinn awer guer net esou einfach an et brauch een oft Zutaten, déi ee leider net am nächste Buttik kritt.

Entwéckelt an entworf bei DAPINDUSTRIES