Utensilien: Wattestäbecher, Gilletten, Toilettepabéier a Wattepads

Buetzëmmer

Nierft de Seefeproduite ginn et an der Buetzëmmer nach eng Rëtsch aner Saachen déi am Plastik verpak sinn oder aus Plastik bestinn, opwuel dat guer net zwengend noutwenneg ass.

Sou ginn et fir Wattestäbbecher Marken, déi am Plaz vum Plastik Kartron oder Holz verwenden an awer och Stäbbecher aus Eedelstol, déi een nom Gebrauch einfach propper mëscht. Dëse Stäbbchen aus Eedelstol ass sëcherlech déi ëmweltfrëndleschst Optioun, well hei iwwerthaapt keen Offall méi entsteet.

Och op Wattepads kann ee verzichten an am Plaz vun deene fir eweg ze geheien, Stofftepads aus Kotteng oder Bambus kafen. Déi kann een je no deem e puer Mol hannerenee benozten. No all Kéier sollten se mat kalem Waasser ausgespullt ginn. Wa se knaschteg si gi se an d’Wäsch geheit a mat gewäsch an et benotzt een se nach eemol.

Opwuel déi wéinegst Leit eng Wegwerfgillette verwenden, bei där no e puer Mol benotzen déi komplett Gillette an d’Poubelle flitt, ass och déi Plastiksgillette, bei där ee ‚just‘ de Kapp wiesselt alles anescht ëwéi nohalteg. Eng easy Optioun ass op de Raséierhobel zréck ze gräifen. Déi si net nëmmen ëmweltfrëndlech mee och iergendwéi cool a vintage. Ausser dem Raséierblat gëtt näicht fort gehäit, an se hällt normalerweis e liewelaang.

 

 

Komme ma zum läschte Produit, nämlche dem Toilletepabéier. Hei hunn ech scho vu Familijen heieren, déi effektiv pro Familliemember een Duch bei der Toillette leien hunn. Ech huelen un dass déi all Dag gewäsch ginn, fannen d’Idee awer zumools bei méi grousse Geschäfter gewönungsbedürfteg, mee soit, all Respekt fir déi wou dat maachen. Wee net grad su hardcore ass ka beim Toilletepabéier bleiwen, mee zum Beispill op recicléierten zréck gräifen. Ausserdem ginn et verschidden onverpaakt Buttiker, déi Toilletepabéier verkafen, dee net am Plastik verpak ass, mee just an engem dënne pabéier ageschloen. Smooth Panda huet nierft dem Toillettepabéier och Nueschnappecher suwuel fir doheem, ewéi och fir matzemaachen. Dës Mark mëscht hiren Toilletepabéier allerdengs aus Bambus an ass net aus recycléiertem Pabéier. Si soe selwer, dass recicléierte Toilletepabéier bësser ass mee dass leider ëmmer manner Menschen dorobber zréck gräifen. Geijeniwwer vu normalem Toilletepabéier wëllen se dofir méi ëmwëltfrëndlech sinn. Eng méi lokal Mark, déi sech mat enger méi Nohaltegkeet an Toillettepabéier auserneegesat huet ass Rolly. Rolly stellt d’Toillettepabéier hir, deen zu 100% aus recycléiertem Papbéier ass, deen am Kartron Heem geliwwert gëtt. Rolly ass also net nëmme Plastikfräi mee och nach praktesch.

 

Klopapier in Kartong, plastikfrei, recycelt

Entwéckelt an entworf bei DAPINDUSTRIES