Mikroplastik: Plastik an de Produiten

Buetzëmmer

Am allgemenge enerscheed een tëscht zwou verschidden Zorte vu Mikroplastik: Primäre Mikroplastik mengt kleng Plastiksbullen, -stécker a -faser, déi vu fir eran esou kleng produzéiert ginn. Sekundäre Mikroplastik ass wann ee grousst Stéck Plastik duerch d’Witterung an aner Aflëss an ëmmer méi kleng Stécker zerfällt, bis se oft just nach e puer Millimeter grouss sinn.

Fir Kosmetik- an Hygienproduiten ass haaptsächlech primäre Mirkoplastik wichteg. Dëse fënnt sech oft a Peelings, Schminck an an Zännseefen. Dobäi handelt et sech meeschtens em kleng Plastiksbullen, déi esou kleng sinn, dass se an der Claireanlag net kënnen erausgefilert ginn an direkt vun eisem Buetzemmer, ouni Barrière an d’Flëss an an d’Mir schwammen, wou se da vu verschiddensten Déiere giess ginn.

Ween et elo méi genee wësse wëll op a senge Produiten Mikroplastik verwendt gëtt kann no folgenden Inhaltsstoffer ausschau halen:

  • Polyethylen (PE)

  • Polypropylen (PP)

  • Polyethxlenterephthalat (PET)

  • Polymethylethacrylat (PMMA)

  • Polytetrafluorethylen (PTFE)

  • Nylon

Et ginn awer och Apps, z.B. Beat the Microbead oder Clean Beauty, déi d’Inhaltsstoffer vun engem Produit kucken. Während déi éischt App, léider net all europäesch Produite kennt a sech su wäit ech wees just Mikoplastik ukuckt, analyséiert Clean Beauty all d’Inhaltsstoffer, also och déi wu zwar net Plastik sinn mee aus anere Grënn Ëmwelt oder Gesondheetsschiedlech Effekter kéinten hunn.

Wee sëcher wëll sinn, dass seng Seefeproduiten kee Plastik a keng aner Schadstoffer enthällt kuckt sech am bäschten no enger Mark ëm déi Biokosmetik produizéiert, woubäi een hei am bäschte vläit och nach eemol kontrolléiert. Dem Demeter-Siegel sollt een awer vertraue kënnen.

Eng Einfach Léisung fir Mikroplastik an eise Produiten ze vermeiden an es manner an d’Mir ze schwämmen, ass logescherweis, op den Akaf vun dëse Produiten ze verzichten. Ween usech ganz zefridde mat senger Mark ass, an trotzdem elo mierkt, dass se Mikroplastik benotzen, kann un de Client-Support eng Email schreiwen. Eng eenzel wärt sëchlerch net vill brengen, mee wat et méi Leit sinn, déi hier Erwaardungen ausdrécken, wat d’Warscheinlechkeet, dass d’Mark d’Produktioun ännert, méi grouss gëtt.

Zum Gléck huet eis därzäiteg Regierung och decidéiert dass se gären e Mikroplastikverbuet zu Lëtzebuerg aféiert. Ech si gespant wéi séier a wéi konsequent de Verbuet ausgeschafft gëtt, ëmmerhi ginn et schon eng Jett aner Länner, déi e Verbuet hunn (Kanada, Frankreich, UK, USA, Schweden, Taiwan, Südkorea a Neuseeland) (vgl. Schreier)

Schreier, Doro (2019): Von den USA bis nach Großbritannien, sogar in Afrika wurde Mikroplasitk verboten – Warum nicht in Deutschland? In: netzfrauen. https://netzfrauen.org/2019/01/14/mikoplastik-2-2/ [09.03.2019]

A = McCallum, Will (2018): Wie wir Plastik vermeiden … und einfach die Welt verändern. Berlin.

Entwéckelt an entworf bei DAPINDUSTRIES