Erdbeerwoche

Buetzëmmer

Eemol am Mount, hunn ech mol ëmmer d’Gefill gehat, gëtt d’Buetzëmmer vun enger Fra zu enger klenger Müllhalde. Duerch Tampoen a Binden, déi ee reegelméisseg wiessele muss, ass den Dreckseemer an der Buetzëmmer séier voll. Am Schnatt brauch eng Fra tëscht 12.000 – 16.000 Tampoen an hierem Liewen (A:104). Wat Monatshygien ugeet, si single use d’Tampoen a Binde wuel déi beléiwste Produiten. Beid Produite sinn oft staark gebleecht an enthalen Doftstoffer am aner Chemikalien sou wéi Mikroplastik. Ausserdem si se a Plastik agepak, d’Tampoen hunn oft en Aplikator aus Plastik a Binden eng Plastiksfolie, mat där se kënnen an d’Bechselsche gepescht ginn. Dass déi staark traitéiert Binden an Tampoen net gesond si fir d’Scheed zumools wann ee keng staark Bluddung huet, ass vläit net jidferengem bekannt. Grond dofir ass gréisstendeels, dass se nierft dem Blutt och all méiglech aner Flessegkeeten a Fichtegkeeten an der Scheed opsaugen. Ween trotzdeem am leiwsten Tampoen benotzt ka sech mol d’Mark Natracare ukucken. Och wa Natracare sech héi enger nohalteger an ehtescher Produktioun verschriwwen huet, sollt een Tampoen an och soss näicht an d’Toillette geheien. Dat ass keng uerdentlech Entsuergung. Duerch Iwwerschwämmungen kann d’Waasser aus dem Offloss erop kommen an sou komme vill Tampoen an de natierlechen Emlaf a landen freier oder speider am Mir. Och wann et vläit heinto eeklesch ass se bis an eng Poubelle ze transporéieren, déi dann nach iwwerfëllt ass, an et secherlech méi einfach ass se an d’Toillette ze geheien: maacht et net.

Ween leiwer guer keen Dreck méi mat sengen hygiennesche Produite mëscht kann op stoffte Binden an/oder op eng Menstruatiounstaass zréck gräifen. D’Stofftebinde funktionéiere genee esou wéi déi aner och. Se gi benotzt a wa se voll si gi se eng Kéier mat kalem Waasser ausgeschwenkt an da kommen se an d’Wäsch (laut mengerm Hirstellet ginn 30 Grad duer).

 

 

D’Menstruatiounstaass, op där anerer Säit, ass net mat engem Tampon vergleichbar. Amplaz opzesaugen, fängt d’Menstruatiounstaass just d’Blut op, dat aus der Gebärmutter erausleeft. Se ass zwar och aus meeschtens aus engem medizinesche Silikon (Ausnam ass hei MeLuna), dofir kann ee se awer ganz laang benotzen (laut verschiddene Hirsteller bis zu 10 Joer). De Virdeel vun der Mooncup ass ausserdem, dass se d’Scheed net ausdrechend an dass se keng Bleech- oder Duftstoffer huet (kuckt awer bei der Mark déi Dir kaaft op d’Etikett). Denn Emgang ass am Ufank vläit komesch, mee no eng oder zwou Kéiere geet et usech ganz einfach an ass och secher. Fir d’Taass an d’Scheed anzesätze ginn et verschidde Manéieren, déi meechtens och eng Kéier op der Packungsbeilag erklärt sinn. Virun der éischter Verwendung all Mount, kann d’Taass entweder ofgekacht oder mat enger Intimssef gewäsch ginn. Fir dass et méi liischt geet kann een och eng fëtteg Intimcreme ewéi z.B. Deumavan benotzen. Dono bleiwt se je no deem wéi staark d’Bluddung ass bis zu 12 Stonnen drann. Hei ass et vläit am Ufank schwireg ofzeschätzen, wéini se dann ongeféier voll ass, dat muss een einfach e bëssen ausprobéieren. Et schëtt een d’Blutt (Iiiiiieh) an d’Toillette, da spullt een se eemol of, wee wëll ka se och mat Seef wäschen maachen (ech maachen dat eemol den Dag an net all Kéiers) an da gëtt se ërem agesat. Wann een elo op enger öffentlecher Toillette sinn, wou net direkt e Lavabo an der Kabinn ass notzen ech meeschtens d’Waasser aus menger Waasserfläsch, fir se ofzespullen. Wann dat grad net méiglech ass sätzen ech se einfach esou erem drann. Ween dat elo eeklesch fënnt: ech maache näicht aanescht zreck a meng Scheed, ëwéi ech erausgeholl hunn. Su bal ech dann doheem sinn, egal op se voll ass oder net, huelen ech se dann eraus a spullen se eemol. Ech hu se elo zanter zwee Joer eng vun der mark Me Luna, déi ouni Silikon a Latex schafft. Ech perséinlech gesinn dat als virdeel. Doduercher verformt se sech awer och. Och dat huet mech bis elo net gestéiert, wëll ech der Meenung sinn, dass se sech esou dem Kierper upasst. Trotzdeem ginn et Leit, déi duerch die Verformbarkeet vun der MeLuna ofroden. Zanter dass ech Taass hunn hat nach ni op Grond vun der Taass iergend eng Entzündung oder änlesches. Se ass also genee esou hygienesch ewéi aner Produiten. Ween onsecher ass, op d’Taass dicht ass, oder einfach en zweete Schutz wëll, kann zesumme mat der Taass eng dënn Stofftebind benotzen.

Intressant fir méi iwwer d’Konsequenzen vun eisem iwwerhygieneschen Intimproduiten gewuer ze ginn, ass de Kuerzfilmm Plastic Free Periods.

A = McCallum, Will (2018): Wie wir Plastik vermeiden … und einfach die Welt verändern. Berlin.

Entwéckelt an entworf bei DAPINDUSTRIES