Hoerproduiten

Buetzëmmer

Bei Hoerproduiten op Verpackung ze verzichten ass nët ganz einfach. Meechtens si se an Aluminiumsfläschen a mussen uerdentlecht entsuergt ginn, z.B. an der bloer Tut. Bei den Hoerproduiten ass et awer oft net just d’Verpackung op déi ee muss oppassen, mee och d’Inhaltsstoffer. Sou wéi beim Deo heinsdo Alliminium dran ass, sinn a villen Hoerproduite verschidde Silikonen a Mirkoplastiken drann. Déi geroden dann iwwert d’Duschen an d’Waasser a kënnen an der Claireanlag och net erausgefiltert ginn. Wee gäre besser doriwwer informéiert ass, wat a senge Kosmetikproduiten drann ass ka sech d’App ‚Clean Beauty‘ eroflueden, déi d’Inhaltsstoffer vun de Produiten analyséiert an op dubios Inhaltsstoffer opmierksam mescht. Eng Retsch vunn Inhaltsstoffer, déi op Mikroplastik hiweisen si folgend (A: 97):

  • Polyethylen (PE)

  • Polypropylen (PP)

  • Polyethxlenterephthalat (PET)

  • Polymethylethacrylat (PMMA)

  • Polytetrafluorethylen (PTFE)

  • Nylon

Lack a Schaumfestiger selwer ze maachen ass zu deem, sou wäit ech wees, net méiglech. Wann Dir hei wieder Optiounen an Alternative kënnt, mëllt Ierch dach gäre bei Mir. Wat Trockenshampoo oder Hoeruellegen ugeet, ginn et awer ërem eng Retsch Rezepter fir se selwer ze maachen. Kuckt mol bei smarticular oder op Pinterest, wat Ierch zouseet.

A = McCallum, Will (2018): Wie wir Plastik vermeiden … und einfach die Welt verändern. Berlin.

Entwéckelt an entworf bei DAPINDUSTRIES