Mundhygiene

Buetzëmmer

Och fir beim Zännwäschen kee Plastiksofall méi ze hunn an allgemeng den Offall ze reduzéieren ass zimlech einfach. Sou kann een op Zännbiischten aus Bambus oder Holz zréckgräifen, déi ee mëttlerweil och an normale Buttiker fënnt. Hei sollt een drop oppassen, dass d’Mark sech bewosst dofir asätz net méi Holz a Bambus ze benotzen wéi se es noplanzen. Dass masseweis an ouni ze iwwerleeën ganz Bescher ofgeholzt ginn, ass elo schon e Problem a mir sollte net duerch eis Ofwendung vum Plastik op aner Plaze Problemer schafen. Ausserdem sollt ee sech bewosst sinn dass d’Borste vun dësen Zännbiischten meechtens aus Plastik sinn. Eng Alternativ wire Schwengsborsten, mee heirobber gräife net vill Firmen zréck.

 

 

Wee net wëll Holz oder Bambus am Mond hunn, kann och eng Zännbiischt kafen, bei där ee just de Kapp eweg gehäit, de Rescht war iwwert Joren hällt. Änlech also ewéi bei enger elektrescher, just dass se net elektresch ass. Dat ass zwar net déi idealste Léisung spuert awer tortzdem scho vill Plastik an. Zudeems hunn ech hei och wëll vu Marken héieren déi anscheinend aus Mais oder änleche Produiten plastikänlecht Material hirstëllen. Wéier dirwwer informéiert hunn ech mech awer nach net.

Bei der Zännseef kann een entweder eng fest Zännseef z.B. am Ouni oder op Lilynatur kafen. Déi kritt een an engem klengen Dëppchen dat een nofëllt, wann et éidel ass. Eng aner Méiglechkeet sinn sou genannten Taps, déi een am dm an am Lush kritt. Mee och hei besteet ërem d’Méiglechkeet, d’Zännseef selwer ze maachen. Ech hun dat nach ni selwer probéiert a muss soen, dass ech awer och nach net vill ‚guddes‘ driwwer heieren hunn. Dat perfekt Rezept schengt also nach net ze existéieren. Wéi sinn Är Erfarungen domadder? Hu Dir ee Rezept, dat gutt ass? Da mëllt Ierch dach bei Mir.

Entwéckelt an entworf bei DAPINDUSTRIES