Dreck

Kichen

Vue dass d’Kichen déi Plaz am Haus ass, wou déi meescht den Dreck hunn, zumindest de Kompost an den Hausdreck, och heizou e klengen Tipp.

Zu Lëtzebuerg huet ee verschidde Poubellen: déi schwaarz fir denn Hausdreck, de bloe Sak fir de Plastik (net all Plastik), de grenge Kuerf fir d'Glas, de bloe Kuerf fir de Pabéier an déi brong Poubelle fir Kompost. Donierft gëtt et well a villen Dierfer a Gemengen nach e Stepper oder e Recycling Zenter, wou een och Elektromaterial, Batterien, Schminck a villes méi ofginn. Hëllefräich wat d'Trennung vum Dreck an Informatiounen zu de Recylcing Zenter ugeet ass d'App monsacbleu vu ValorLux. 

Wee säin Dreck trennt, e Kompost huet a net vill Iessen eweg geheit, huet normalerweis e relativ propperen an drechenen Hausdreck. Ween also wëll ka mol op zum-wegwerfe-zu-schade.de laanescht luusse goen, wou et wäschbar Poubellstute ginn. 

Fir de Kompost an der Kichen ginn et vu verschiddene Marke kleng Behälteren. Eng Katrtonstut oder Zäitung dierft awer och kee Problem ze sinn fir de Kompost dran ze gehéien. Denkt ëmmer drun, dass wann der Téi an Äre Kompost maacht, dass Dir virdrun de klengen Karo erof huelt. Deen ass oft aus staark behandeltem Pabéier an dowéinser net esou séier oder iwwerhaapt net kompostéierbar.

Entw├ęckelt an entworf bei DAPINDUSTRIES