Nohalteg Spullen - mee wéi?

Kichen

Och beim Spulle benotze mir vill Produiten aus Plastik, déi mir séier fort geheien, entweeder well se eekleg sinn oder futti: kleng Schwämmercher, Plastiksbiischten a bëlleg Spulllompen fir ëwech ze geheien.

Ween elo nach esou Produiten huet kann als éischte Schratt hier Gebrauchsdauer verlängeren an deems en d’Biischt oder d’Schwämmercher reegelméisseg mat an d’Spullmaschinn mëscht. Sou gi se uerdentlech propper an et kënnt net esou séier dozou dass een se ewëg geheit, well se eekleg sinn. Och Spulllompen, déi usech fir ëwech ze geheie sinn, kann een een oder zweemol an d’Wäschmaschinn maachen, dono sinn se zwar oft ausgeleiert a futti, mee et huet een opmannst alles aus hinnen eraus geholl.

Ween awer elo schonn um Punkt ass, dass en dës Produiten opgebraucht huet, kann op méi nohalteg Optiounen emstéigen: Biischten aus Holz, uerdentlech Spulllompen vun enger nohalteger Mark a Silikons- a Kupferschwämm bidden sech hei un. Wärend mäi Sillikoonsschwämmche vu Kochblume ass, fann Dir déi aner Saachen oft an Onverpaakt- oder Biobutteker. Bei de Biischten fënnt een zudeem ënnerschiddlech Aarten. Sou ass vu Biischte mat haarde Borsten fir ugebake Panen oder Goss, iwwer Biischte fir Fläschen bis normal Biischten, alles ze kréien. Bei deene normale Biischten geheit een och net déi ganz Biischt ëwech, wann ee se net méi brauch, mee just de Kapp – deen ass nämlech wiesselbar. Wourobber ech wëll opmierksam maachen ass, dass dës Biischte ganz oft trotzdeem Borsten aus Plastik hunn well eng vun deenen eenzegen Optioune Schwengsborsten sinn.

 

 

Wat Spullmëttel ugeet, kann een dat selwer maachen oder op nohalteg Marken ewéi ecover zréckgräifen. Si hu sech drop fokusséiert bis 2020 hir Produiten aus 100% recycléiertem Plastik hierzestellen. Dobäi kënnt, dass se mat natierlechen, biologeschen a su gutt et geet lokale Produite schaffen fir hir Seefen hir ze stellen (https://www.ecover.com) Ween awer motivéiert ass kann och säin eegent Spullmëttel hierstellen. Dat ass oft méi einfach ewéi gemengt. Hëllefräich ass hei smarticular.net an hier Bicher. Och fir Spullmaschinntapsen fannt Dir bei ecover Produiten a bei Smarticular Tipps a Rezepter.

Entwéckelt an entworf bei DAPINDUSTRIES